- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Infoabend: Wärmepumpen
20. November 2023 @ 19:00 - 21:00
Mythen & Fakten “Wäermepompelen a Bestandsgebaier”
Virum Hannergrond vu Klimaschutz an Energieeffizienz spillen d’Wäermepompelen eng ëmmer méi wichteg Roll als Léisung fir d’Hëtzen vu bestoende Gebaier. Trotz hirem immensen Energiespuerpotenzial, zirkuléiere vill Mythen a Falschinformatioune ronderëm den Asaz vun dëser Zukunftstechnologie a bestoenden Haiser.
Aus deene Grënn wëllen déi dräi Lëtzebuerger Naturparken zesumme mat der Klima-Agence an dem Energie- a Landesplanungsministère mat enger Informatiounscampagne opklären.
Op dräi Informatiounsowenter kënnen sech interesséiert Bierger iwwert dësen aktuelle Sujet informéieren:
- Méindes, den 13. November 2023 um 19 Auer zu Nacher
(1, um Knupp L-9674 Nocher)
- Méindes, den 20. November 2023 um 19 Auer zu Baërtref
(Centre Culturel „A Schmadds“ 27-29, rue d’Echternach L-6550 Berdorf)
- Dënschdes, den 21. November 2023 um 19 Auer zu Housen
(9, op der Héi L-9809 Hosingen)
Doriwwer eraus ginn a der folgende Videoserie déi heefegst Virurteeler vis à vis vun Wäermepompelen opgegraff an erkläert, wat dohannert stécht: